E Freiden, den 3. Februar 2023, hunn Déi Gréng hier Kandidaten fir d’Walen an der Stater Gemeng virgestallt – an ech hunn d’Freed, iech mattzedeelen, dass ech matt untriëde wäert. Dëst ass ee weidere Schratt a mengem Engagement, fir net nëmmen d’Herausfuerderung vum Klimaschutz, mee och gesellschaftlech a sozial Problemer unzegoën an ze verbesseren. Firwat hunn ech mech de Schrëtt an d’Politik getraut, firwat bei Déi Gréng a wat hu mir wëlles ... ? Dëst gitt dir heidrënner gewuer.
Firwat de Schrëtt an d’Politik?
Zënter dem Al Gore sengem Film „An Inconvenient Truth“ aus dem Joër 2006 interesséieren ech mech aktiv fir de Klimawandel an Emissiounsausstouss. Dëst sinn Themen, déi een net méi kleng schwätze kann. Nodeems ech dunn „traditionell“ Studien an der Economie gemaach hunn, hunn ech 2016 nach een Ofschloss am Beräich „Climate Change, Management and Finance“ gemaach, fir mech dësem Sujet och berufflech ze widmen.
Ech schaffen aktuell an der grénger Finanz. Mir investéieren an nohalteg Start-Ups, Firmen a Projeten am Beräich vun der Economie Circulaire, der Ernierung a Landwirtschaft, der Energie an dem Waasser. Ech sinn der Iwwerzeegung, dass een de Finanzsystem net ännere kann, mee dass sech nohalteg Investissementer lounen. Esou kann een dann op Dauer méi Kapital fir dëse Sujet unzéien, wat ee Changement vum System provozéiere kann.
Ech hu mech doriwwer eraus och emmer an der Gesellschaft engagéiert, sierf et an de Studenteveräiner viru puer Joër, oder ewéi aktuell an asbl’en am Sport. Wëll ech mech scho laang fir de Klimaschutz begeeschteren, hunn ech och emmer damatt geliebäugelt, eemol an d’Politik ze goën – ëmmerhin ginn och do wichteg Akzenter fir dëse Sujet gesat, niewt der Finanzwelt. 2023 verwieklechen ech dëse Schrëtt, andeems ech mech bei Déi Greng als Kandidat fir d’Stater Gemengewalen mattginn.
Firwat bei Déi Gréng?
Wéi scho beschriwwen ass de Sujet vum Klimaschutz zentral a menge perséinlechen Iwwerzeegungen, an et wor laang keng Fro vu Partei: de Klimawandel wäert eis all treffen – ob schwaarz, orange, blo, rout, greng, oder mauw – an et gëtt héich Zäit, dass mir haut Décisiounen treffen, déi eis op muer virbereeden. Dovir wëll ech mech asetzen, iwwer mäi Beruff am Finanzwiesen eraus.
De Klimawandel wäert eis all treffen – ob schwaarz, orange, blo, rout, greng, oder mauw – an et gëtt héich Zäit, dass mir haut Décisiounen treffen, déi eis op muer virbereeden.
Ech hu mech du gefrot, wéi ech dëse Sujet nach méi pushe kann an hu mech séier matt der Fro konfrontéiert, de Klimaschutz an enger „konservativer“ Partei ze développéieren, oder an eng Partei ze goën, déi dësen Agenda an der DNA huet. Et wor fir mech dunn och zimlech séier kloër, wéi mäi Choix géiw aus falen: Déi Gréng – wëll et hei déi koherenst Iddeen gëtt, eist Land ewéi och d’Stad Lëtzebuerg op all Level no vir ze brengen.
Wat si meng perséinlech Engagementer?
Ech sinn den zweetjengeste Kandidat op eiser Lëscht a gesinn et domatt och als meng Responsabilitéit, jonk an al beieneen ze brengen an eis Stad modern an zukünftsorientéiert ze gestalten. An deem Sënn laie mir e puer Sujeten besonnech um Häerzen.
Dat éischt wier d‘Klimaresilienz vun der Stat Lëtzebuerg: Mir erliewen Drechenten, Hëtzewellen (matt ëmmer méi tropesche Nuechten) an Iwwerschwemmungen (ewéi zB Juli 2021 an der Ënnerstad), ewéi se nach virun e puer Joërzengten onvirstellbar woren. Et ass och ee Fakt, dass dës Evenementer an den nächsten Joëren un Intensitéit zouhuele wäerten. Dowéinst ass et elo schon wichteg, haut déi néideg Akzenter ze sëtzen an an Infrastruktur an Adaptatioun ze investéieren, iwwer d’Zil vun der Klimaneutralitéit ewech an ënnerstëtzend fir all Eenzelnen.
Och d'Economie Circulaire ass fir mech een zentralt Element: eis Stad brauch ee performante Kreeslafsystem. Initiativen enthalen zum Beispill de System vum „Sharing“ (zB car-sharing, méi Velo'hstatiounen), méi Recycling/Revalorisatioun vu Produiten duech lokal Repair-Cafes oder accessibel Ressource-Zenteren, méi emweltfrëndlech Produiten bei Kleeder oder Iessen, méi regenerativ Materalien a Gebaier oder Miwwelen, méi effikass Transportweeër a manner Verpakungen. Esou garantéiere mer Wuesstum matt manner Impakt op eis Emwelt.
Desweider leeën ech vill Wäert op Zesummeliewen an eisen Quartier’en. Dowéinst fannen ech et wichteg, dass d’Zesummeliewen net nëmmen am Statkäer fonktionnéiert, mee och d’Quartieren mussen méi lieweg an natirlech gestalt ginn. Wei zum Beispill zu Zéisseng, main Heemechtsquartier, wou et zwar een Duerfkäer gëtt, mee bis elo leider nëmme wéineg Restauranten, Cafés an lieux de rencontre. Desweideren muss een den Duechgangsverkéier an de Quartiere bremsen an intelligent Zonen plangen wou all Verkéiersbedeeleger säin Espace huet (Auto, Foussgänger, Kanner, Velosfuerer, asw.). Och méi ëffentlech sportlech a sozial Evenementer kënnen de Quartier méi lieweg maachen.
Fir dës Iwwerzeegungen stinn ech an an dowéinst ginn ech matt an d'Gemengewalen. Zënter iwwer engem Joër schaffen Déi Gréng um Walprogamm fir d’Stat. Mir si bereet, un der Spëtzt vun der Stad Verantwortung ze iwwerhuelen, matt enger Equipe vun 27 héich motivéierte Kandidat*innen. Eis Lëscht verkierpert de frësche Wand, deen eis Gemeng onbedéngt brauch: iwwer d'Halschent si fir d'éischte Kéier bei Gemengewalen dobäi. Mam néidege politsche Courage kënne mir eis Stad méi liewenswäert maachen. Mir si prett, Responsabilitéit an der Stad ze iwwerhuelen.
Äer Stëmm zielt den 11. Juni !
Comments